Jonk Wichtelcher

Jonk Wichtelcher

JUGENDFORMATIOUN

AM HÄERZ VUN ENGEM GROUSSE CLUB

AM HÄERZ VUN ENGEM GROUSSE CLUB

Als Institutioun am Lëtzebuerger Fussball huet den Avenir Beggen, sechsmolege Champion a siwefachen Coupe de Luxembourg Gewënner, verstan dass et néideg ass eng Veräinspolitik ze bedreiwen, bei där d’Formatioun vu jonke Spiller am Mëttelpunkt steet. Dëss Nowuessspiller sollen d’Wäerter vun engem grousse Veräin vermëttelt kréien.

PHILOSOPHIE VUM FC AVENIR BEGGEN

PHILOSOPHIE VUM FC AVENIR BEGGEN

D’Finanzkris huet dofier gesuergt, dass d’Sportsverainer emmer méi op d’Jugendformatioun setze mussen. Den FC Avenir Beggen huet do net laang op sech waarden geloos an um Ufank vun der Saison 2014 eng nei Struktur an der Jugendformatioun erabruecht. Eise Verain bidd eng sportlech an menschlech Weiderbildung un fier dass d’Kanner alleguer fussballeresch besser gin a gestaerkt gin fier mat de Problemer dei se all Daag begeinen kennen eenz ze gin. De Verain ass elo mat kompetenten, engagéierten an sympatheschen Traineren an Responsablen ausgestatt. E gesond a respektvollt Klima ass noutwendeg fier eng Fussballschoul ob d’Beeen ze stellen. Dofier verlaangen mer immens vill Disziplin a Flaiss vun allen Memberen. Zu Beggen hu mer e mettel/laangfristegt Ziel waat doranner besteet dass eis jonk Talenter an eis eischt Ekipp integreiert kennen gin. An Zukunft waert den FC Avenir Beggen op seng jonk Spiller zielen fier erem e performanten Klub hei zu Letzebuerg ze gin.

Interesséiert un engem Training?

Interesséiert un engem Training?

Dann kontaktéiert eis per Mail op info@wichtelweb.net oder fëllt den Kontaktformulaire aus.