Montag, 05 Dezember 2016 00:00

DEN AVENIR BEGGEN GEWENNT 4-1 GEINT DEN FC MAMER

DEN FC AVENIR BEGGEN GEWENNT 4-1 GEINT DEN FC MAMER

 

 

Endlech ass den Knuet geplatzt.

Um leschte Spilldag virun der Paus gewënnt den Avenir Beggen souverän mat 4-1 géint den FC Mamer 32.

Dobäi waren et d’Gäscht, déi de bessere Start an de Mätch fonnt haten: no engem Fräistouss an der 6.Minutt bréngt de Cleudir Lopes den FC Mamer 32 mat engem Schoss aus kuerzer Distanz a Féierung. Eng Minutt méi spéit hätt de van Waas de Score kënnen erhéigen, mee säi Schoss gëtt vum Sacha Mersch a Corner deviéiert. Och de Kappball vum Lopes no dësem Corner féiert net zu engem zweete Gol.

An der 18.Spillminutt ka Beggen ausgläichen: e Schoss vum Diogo Troncao gëtt nach vum Mamer Keeper Federspiel ofgewiert, mee iwwer Emweer land de Ball beim Patrick Aquaro, deen ofzitt an den 1-1 markéiert. Beggen hat duerno zwou Chancen de Mätch ze dréinen, mee de Schoss vum Miau da Silva (28’) gëtt vum Federspiel gehal an de Käpper vum Sène (32’) geet laanscht. An der 35.Minutt sollt den Avenir dann awer den 2-1 schéissen: no enger Pass vu lénks ass et den Andy Teixeira, deen den Avenir a Féierung bréngt.

Mam Tëschestand vun 2-1 ass et an d’Paus gaang. Kuerz no der Paus krut de Lopes, wuel bis dohin de beschte Mamer Spiller um Terrain, no enger Tätlechkeet déi rout Kaart. An der 2.Halschent war Beggen kloer iwwerleen, mee d’Wichtelcher konnten hir Golchancen ugangs der 2.Halschent net notzen. An der 71.Minutt konnt den Andy Teixeira mat engem schéine Schoss de Score dun awer op 3-1 erhéigen! Duerno war de Mätch entscheed an d’giel-rout Kaart vum Chris Quiring an der 77.Minutt eigentlech just nach eng Randnotiz.

An der Nospillzäit huet de Christophe da Silva dann aus kuerzer Distanz de 4-1 Endstand markéiert - an den Avenir hëllt séng éischt Victoire an dëser Saison!

 

Opstellung Beggen:

 

Mersch, Quiring, Sène, Kinkani, Rocha, Pires, Rock, Aquaro, Troncao, Da Silva an Teixeira

 

Remplacants: Simoes, Centrone, Aroca, Soumare an Silva

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2