Montag, 28 November 2016 00:00

BEGGEN VERLEIERT 2-1 GEINT DEN NORDEN 02

Um 12.Spilldag muss sech den Avenir Beggen auswäerts beim FF Norden 02 mat 2-1 geschloe ginn.

An der éischter Halschent hat den Eislécker Fusiounsveräin déi besser Golchancen: e Fräistouss vum Pereira (9’) geet un de Poteau. Duerno hat den FF Norden op Konter nach zwou gutt Chancen, mee dem Majeres (21’) säi Schoss geet riets laanscht de Gol, an d’Méiglechkeet vum Sully (31’) kann de Sacha Mersch a Corner deviéieren. An der 36.Minutt kënnt de Christian Jans am Beggener Strofraum zum Ofschloss, mee säi Schoss geet laanscht. Déi bescht Beggener Chance aus der éischter Halschent hat de Chris Quiring an der Nospillzäit... e lange Ball vu lénks geet knapp riets laanscht de Gol.

Déi éischt Golchance an der 2.Halschent haten d’Wichtelcher, mee den Distanzschoss vum Alvaro Pires (49’) war net kadréiert. Zwou Minutte méi spéit sollt den FF Norden dun a Féierung goen: e Fräistouss gouf séier ausgefouert, d’Pass kënnt vu lénks op de Sadmin Alili an dee bréngt den FF Norden mat 1-0 a Féierung.

An der 56.Minutt erhéigt den Tom Kopecky op Corner op 2-0. D’Beggener Schlussoffensiv koum leider ze spéit: an der 78.Minutt geet e Schoss vum William Rocha iwwert de Gol. An der 94.Minutt kritt den Avenir en Elefmeter no engem Handspill am Strofraumraum accordéiert: den agewiesselte Luc Demeyer verkierzt op 2-1!

Et sollt beim Resultat vun 2-1 bleiwen, sou dass Beggen weiderhin mat engem Punkt op der 14.Plaz an der Tabell steet.

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2