Freitag, 14 Oktober 2016 13:41

Eisen nächste Géigner: den FC Monnerech

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

1933 gouf den FC Monnerech gegrënnt. Laang huet Monnerech an den ënneschten Divisioune gespillt, ier 1990 eng éischte Kéier den Opstieg an déi drëtthéchst Lëtzebuerger Spillklass gelong ass. E Joer méi spéit konnt Monnerech an d’Eirepromotioun steigen.

1998 ass den FC Monnerech fir d’éischt an d’Nationaldivisoun gestiegen – an huet bis 2004 an der éischter Liga gespillt. Duerno ass Monnerech nach zweemol an d’Nationaldivisioun gestiegen, ass awer all Kéier rem direkt déi Saison drop ofgestiegen.

Beim Opstieg 2006 huet Monnerech sech in extremis am Barragemätch zu Jonglënster géint den Avenir Beggen duerchgesat... Beggen huet deemols fir d’éischte Kéier no 41 Joer um Stéck an der Nationaldivisioun missen de Gang an d’Eirepromotioun untrieden.

D’lescht Saison huet Monnerech an der Eirepromotioun déi 7.Plaz beluecht. Suwuel am Himätch de 4.Oktober 2015 zu Monnerech ewéi och am Réckmätch den 3.Abrëll 2016 konnt den FCM sech mat 3-1 (respektiv 1-3) duerchsetzen.

Momentan steet Monnerech mat 4 Punkten op der 12.Plaz an der Tabell. Et muss een allerdéngs derbäi soen dass Monnerech e Mätch manner huet well de Mätch géint Sandweiler verluecht gouf.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2