Montag, 10 Oktober 2016 13:23

FC Rodange 91 - FC Avenir Beggen 3-2

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

Um 7.Spilldag verléiert den Avenir Beggen mat 3-2 zu Rodange.

D’Ufangsphas vum Mätch huet am Stade Jos Philippart der Lokalekipp gehéiert. Den éischte Golschoss vum Boulahfari an der 5.Minutt huet nach net fir Gefor gesuergt, mee zwou Minutte méi spéit konnt den Aldin Bahovic de Fusiounsveräin no enger Flank vum Boulahfari a Féierung bréngen.

D’Schëss vun Rozier (19’) an El Guerrab (20’) gounge laanscht de Gol. An der 22.Minutt land de Ball eng zweete Kéier am Beggener Gol, mee den Abitter huet eng Abseitspositioun vum Bahovic erkannt, soudass dëse Gol net gezielt huet.

Ofgesinn vun engem Fräistouss vum Demeyer (21’) deen an der Mauer hänke bliwwen ass, hat den Avenir an der 24.Minutt seng éischt Golchance. Dësst war e Fräistouss aus dem Strofraum, nodeems de Goedert am Rodanger Gol eng Réckpass an d’Hänn geholl huet. De Ball bleiwt an der Mauer hänken, mee de Patrick Aquaro kënnt zum Noschoss... a markéiert den 1-1!

An der 31.Minutt kann den FCR awer erëm a Féierung goen... och dëse Gol fällt duerch en Noschoss no engem Fräistouss – eng Chance, déi den Henid Ramdedovic sech net huele léisst. Beggen hat am direkte Géigenzoch kënnen ausgläichen. Nodeems den Andy Teixeira sech gutt géint séng Géigespiller duerchgesat huet behält de Goedert am 1-1 awer d’Iwwerhand. Och e Schoss vum Demeyer (36’) no enger Pass vum Teixeira kann de Goedert halen.

Op där anerer Säit gouf et awer och nach déi eng oder aner Méiglechkeet de Score virun der Paus ze erhéigen. Déi bescht Occasioun vergëtt de Julien Hornuss an der Nospillzäit... nodeems de Steve Peiffer scho geschloen ass schéisst en de Ball widdert de Potto – esou dass et mam Stand vun 2-1 an d’Paus gaang ass.

No der Paus hat Rodange déi zwou éischt Golchancen, mee dem El Guerrab säi Schoss an der 48.Minutt geet laanscht an de Peiffer kann e weidere Versuch vum Rozier a Corner deviéieren.

An der 52.Minutt kann den Avenir Beggen ausgläichen: no enger schéiner Pass an d’Déift vum Patrick Aquaro léisst den Andy Teixeira dem Golkipp keng Chance an et steet 2-2!

Et ware 65 Minutte gespillt ewéi Rodange eng drëtte Kéier a Féierung konnt goen: den Ayoub El Guerrab kritt de Ball zougespillt an schéisst säi 7.Gol fir dëss Saison.

Och wann Rodange mat der Féierung am Réck nach méi Spillundeeler an eng Rei Golschëss haten ass de Mätch bis an d’Schlussphas spannend bliwwen. Och wann d’Méiglechkeeten, e.a. duerch den El Guerrab (79’), Yao (82’) an A.Ramdedovic (87’, 95’) do waren sollt dem FC Rodange 91 kee véierte Gol geléngen.

Op där anerer Säit huet den agewiesselte Luca Centrone de Goedert an der 84.Minutt zu enger gudder Parad gezwongen. Och déi lescht Chance fir d’Beggener, e Fräistouss vum Kapitän Marco Simoes an der Nospillzäit huet näischt abruecht soudass den Avenir um Enn mat 3-2 zu Rodange verléiert.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2