Freitag, 07 Oktober 2016 07:12

Eisen nächste Géigner: den FC Rodange 91

© Paul Krier © Paul Krier

Aus enger Fusioun tëscht dem FC Chiers Rodange an dem Racing Rodange ass am Joer 1991 den FC Rodange 91 entstan. No den Ufanksjoeren an der Eirepromotioun ass Rodange 1995 eng éischte Kéier an d’Nationaldivisioun gestiegen – wou de Veräin Mëtt den 90er Joren zwou Saisonen sollt verbréngen. E weidere kuerzen Intermezzo an der héchster Spillklass am Lëtzebuerger Fussball hat Rodange an der Saison 2000/2001.

Duerno goung et fir Rodange erof bis an d’2.Divisioun. Mëttlerweil ass de Veräin awer erëm an der Eirepromotioun etabléiert an huet an der zweethéchster Spillklass vum Lëtzebuerger Fussball déi dräi lescht Joren zwou véiert Plazen an eng fënneft Plaz gemaach.

An der Eirepromotioun d’lescht Saison si Beggen a Rodange deemno och zweemol openeen getraff: den 21.Oktober 2015 konnt den Avenir sëch doheem mat 1-0 géint Rodange duerchsetzen. Am Réckmätch zu Rodange gouf et den 10.Abrëll 2016 eng 2-1 Défaite fir d’Wichtelcher.

Momentan steet Rodange mat 13 Punkten op der 3.Plaz an der Tabell – an huet säit der 2-1 Défaite zu Wegdichen géint den FC Wolz 71 um 1.Spilldag vun der Saison kee Mätch méi verluer.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2