Dienstag, 04 Oktober 2016 07:21

Avenir Beggen - CS Gréiwemaacher 0-3

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

Och um 6.Spilldag geléngt et dem Avenir Beggen net, déi éischt Punkten fir dëss Saison anzefueren: d’Wichtelcher mussen sech doheem mat 0-3 géint den CS Gréiwemaacher geschloe ginn.

An der Ufangsphas vum Mätch hat Maacher méi Spillundeeler, Golchance goufen et awer op béide Säite kaum. An der 20.Minutt geet e Käpper vum Ontiveros no engem Corner laanscht. Véier Minutte méi spéit schéckt de Sözen de Musliu an d’Déift, mee de Peiffer am Beggener Gol ass éischter um Ball. An der 27.Minutt kann den CSG dann a Féierung goen: e Fräistouss aus zentraler Positioun vum Omar Ontiveros passt genau an de Wénkel... 0-1 fir Gréiwemaacher.

No dësem Réckstand huet den Avenir lues awer sëcher besser an de Mätch fonnt. Déi bescht Offensivaktioun vun der éischter Halschent hat den Avenir an der 37.Minutt: no engem Fräistouss kann den Agustyn am Maacher Gol am leschte Moment verhënneren dass de Rocha fräi zum Golschoss kënnt... ëmmerhin e Corner fir d’Wichtelcher spréngt bei dëser Aktioun eraus.

An der 41.Minutt muss de Youssouf Soumaré mat enger giel-rouder Kaart vum Terrain. Mat 0-1 ass et an d'Paus gaang.

No enger Beggener Offensivaktioun kuerz no der Paus kréien déi Maacher eng Konterchance. De Sözen gesäit dass den Aliu fräi steet, gëtt em de Ball, an deen huet keng Schwieregkeeten de Score an der 52.Minutt op 0-2 ze erhéigen.

E weideren Versuch aus der Distanz vum Ontiveros (60’) an geet laanscht de Gol, e Schoss vum Aliu (65’) kann den agwiesselte Jeff Angelsberg in extremis a Corner deviéieren, mee an der 73.Minutt sollt dun awer den 0-3 falen: no engem Corner markéiert de Goncalves mam Kapp!

An der 76.Minutt gouf et op Beggener Säit nach en Distanzschoss vum Centrone ze verbuchen, deen de Maacher Keeper Agustyn awer konnt halen. Déi lescht Chance fir d’Wichtelcher hat de Rocha (84’), säi Schoss goung awer driwwer. Op där anerer Säit haten de Sözen (81’, 85’) an den Aliu (83’) och nach d’Méiglechkeet de Score weider ze erhéigen, mee et sollt um Enn beim 0-3 bleiwen.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2