Donnerstag, 29 September 2016 16:13

Eisen nächste Géigner: den CS Gréiwemaacher

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

Den CS Gréiwemaacher gouf 1908 als Stade Mosellan Gréiwemaacher gegrënnt – a gouf 1914 a Club Sportif Gréiwemaacher embenannt.

Schon 1949 ass Maacher eng éischte Kéier an déi héchst Lëtzebuerger Spillklass gestiegen – an huet déi Jorzéngten drop deels an der Nationaldivisioun an deels an der Eirepromotioun verbruecht. Nom Opstieg an d’Nationaldivisioun am Joer 1985 huet Gréiwemaacher 31 Joer laang onënnerbrach an der 1.Liga verbruecht an ass eréicht am Summer 2016 an d’Eirepromotioun ofgestiegen.

Dëss Phas an der Nationaldivisioun war ouni Zweifel déi erfollegräichsten an der Geschicht vum Maacher Fussball: 2003 ass Gréiwemaacher Champion ginn. 1995, 1998, 2003 an 2008 huet den CSG d’Coupe gewonn.

Esou huet Gréiwemaacher säit den 1990er Joren och ëmmer nees Coupe d’Europe gespillt an ass dobäi e.a. op Géigner ewéi Rosenborg Trondheim oder den AEK Athen getraff.

Dee leschten offizielle Mätch tëscht Beggen a Gréiwemaacher gouf den 8.Dezember 2013 an der Coupe de Luxembourg gespillt. Viru 511 Zuschauer huet den Avenir mat 1-6 verluer. De Beggener Gol gouf iwweriens vum heutege Kapitän Marco Simoes geschoss.

Am Championnat si béid Veräiner fir d’lescht an der Saison 2008/2009 an der Nationaldivisioun openeen getraff: den 2.November 2008 huet den Avenir mat 6-1 op Flohr verluer. Am Réckmätch an der Dunantsstrooss hunn d’Wichtelcher sech missen den 10.Mee 2009 duerch zwee spéit Géigegoler mat 1-2 geschloe ginn.

Mat enger Victoire géint Monnerech a véier Défaiten steet Gréiwemaacher no 5 Spilldeeg momentan op der 10.Plaz an der Tabell.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2