Dienstag, 27 September 2016 07:23

FC Wooltz 71 - Avenir Beggen 1-0

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

Um 5.Spilldag verléiert den Avenir Beggen mat 1-0 beim FC Wolz 71.

D’Ufangsphas vun der Partie huet kloer de Wëlzer gehéiert: an der 8.Minutt geet e Käpper vum Cosic laanscht de Gol. Sechs Minutte méi spéit ass et e Volley vum Verbist, deen och knapp lénks laanscht geet. En Distanzschoss vum I.Evertz (17’) ass ze héich ugesat a kuerz drop kann de Steve Peiffer zwee Golschëss vum Faljic (19’) a vum C.Evertz (20’) halen.

Eng éischt nennenswäert Beggener Offensivaktioun gouf et an der 31.Minutt: e Schoss vum Kelvin Fortes gëtt ofgeblockt, an d’Wëlzer Ofwier kann am leschte Moment en Noschoss vum Christophe Da Silva verhënneren. Déi lescht Chance virun der Paus a Féierung ze goen haten erëm déi Wëlzer, mee de Schoss vum Mujkic geet an der 41.Minutt iwwert de Beggener Gol.

Mat 0-0 ass et deemno zu Wegdichen an d’Paus gaang.

An der 47.Minutt muss de Wëlzer Golkipp Hurbain nach eemol agräifen: no enger Pass an d’Déift op de Fortes kënnt en aus dem Strofraum eraus a kläert. No dëser Aktioun muss de Kelvin Fortes kuerz behandelt ginn, kann awer weiderspillen.

An der 56.Minutt konnt Wolz du mat 1-0 a Féierung goen: e Schoss vum agewiesselte Ervilton Paulo Da Silva kann de Peiffer ofwieren, mam Noschoss bréngt de Christopher Verbist den FC Wolz 71 a Féierung.

An der 60.Minutt kritt Wolz no engem Feler am Strofraum en Elefmeter zougesprach. De Steve Peiffer kann dësen awer a Corner deviéieren! Och de Käpper vum Hoffmann no dësem Corner kann de Peiffer halen.

An der leschter halwer Stonn war Beggen beméit, méi no fir ze spillen, nennenswäert Golchance fir d’Wichtelcher sinn dobäi awer kaum entstan. An der 84.Minutt huet de Kelvin Fortes den Terrain missen mat enger giel-rouder Kaart verloossen. Op där anerer Säit hätten an der Schlussphas den C.Evertz (85’) an den Faljic (88’) kënnen de Score erhéigen, mee si konnten hir Golgeleenheeten net notzen. Déi lescht Chance haten d’Wichtelcher an der Nospillzäit duerch e Fräistouss vum agewiesselte Morocutti, deen awer iwwert de Gol goung.

Esou geet de Mätch tëscht Wolz a Beggen mat 1-0 op en Enn.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2