Donnerstag, 22 September 2016 17:13

Eisen nächste Géigner: den FC Wooltz 71

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

Aus enger Fusioun tëscht der US Nidderwolz an dem FC Gold a Ro’t Wolz entsteet am Joer 1971 den FC Wolz 71. Siwe Joer méi spéit schléisst d’Arminia Wegdichen dem Fusiounsveräin un. 1981 steigt den FC Wolz 71 eng éischte Kéier an d’Nationaldivisioun.

Insgesamt 24 Joer vu sénger Veräinsgeschicht huet de Wëlzer Veräin bis elo an der héchster Lëtzebuerger Spillklass verbruecht... dorënner och d’Saison 2015/2016. De Barragemätch de 27.Mee 2016 huet Wolz allerdéngs am Beggener Stade Rue Henri Dunant mat 0-1 no Verlängerung géint d’Jeunesse Kanech verluer – a spillt domatt dëss Saison an der Eirepromotioun.

Hei huet Wolz 9 Punkten aus den éischte 4 Mätcher geholl a steet domatt momentan op der 6.Plaz an der Tabell. Déi lescht Championnatsmätcher tëscht Wolz a Beggen goufen et an der Eirepromotioun an der Saison 2009/2010. De 25.Oktober 2009 hu béid Ekippen an der Dunantsstrooss 3-3 gedeelt, de 14.Abrëll 2010 huet den Avenir am Retourmätch zu Wolz mat 4-2 verluer.

Opgepasst: säit 2015 huet den FC Wolz 71 en neie Stadion! Dësen ass zu Wegdichen (Weidingen) an der Rue du Knupp!

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2