Montag, 19 September 2016 18:20

FC Käerch-Simmer - FC Avenir Beggen 5-4 n.E.

 

Den 18.September 2016 ass den Avenir an der Coupe auswäerts beim FC Käerch-Simmer ugetrueden – an huet sech no Elefmeterschéisse mat 5-4 misse geschloen ginn. Erfreelech war op dësem Sonndegmëtteg aus Beggener Siicht amfong eenzeg de Fait dass de Marco Simoes an den Andy Teixeira no iwwerstanene Verletzungspausen endlech rem konnte fir den Avenir oplafen. Eise Kapitän Marco Simoes stoung suguer an der éischter 11!

Schon an der 5.Minutt hätt den Avenir duerch de Simoes duerch e Fräistouss kënnen a Féierung ze goen. Dëse Ball vum Beggener Kapitän goung awer knapp iwwert de Gol. No den éischte Minutten goufen et awer kaum nach nennenswäert Golchancen. Käerch huet kaum Golchance vun de Wichtelcher zougelooss, mee huet awer och virum Beggener Gol kaum fir Gefor gesuergt. En 0-0 an der Paus war déi logesch Konsequenz vun dëser éischter Halschent.

No enger Pass an d’Déift op de Max Louis ass de Peiffer am Beggener Gol an der 53.Minutt eng éischte Kéier gefuerdert... meeschtert dëss Aufgab awer souverän. Op där anerer Säit gi Schëss vum Kelvin Fortes (63’) a vum agewiesselten Andy Teixeira (66’) iwwert de Gol. Déi bis dohin beschte Chance vum Mätch huet de Käercher Laurent Reuter an der 67.Minutt: no engem Fräistouss vum Tom Scheidel kënnt en am Beggener Strofraum un de Ball – säi Schoss geet awer knapp iwwert de Gol.

Déi bescht Beggener Chance aus der regulärer Spillzäit hat de Babacar Sène no 78 Minutten. Säi Käpper no engem Fräistouss vum Patrick Aquaro geet widdert d’Lat. Véier Minutte méi spéit taucht de Kevin Hirsch fräi virum Beggener Gol op, kritt awer net den néidegen Drock hannert de Ball fir séng Faarwen a Féierung ze bréngen. Et bleiwt an der regulärer Spillzäit beim 0-0 an de Mätch geet an d’Verlängerung.

Och hei goufen et amfong bal just no Standardsituatiounen nennenswäert Golchancen: e Fräistouss vum Sachsen (103’) gëtt ofgefälscht. De Steve Peiffer kann dëse Ball ouni Problem halen. No engem Feler un de Luca Centrone (107’) kritt och den Avenir e Fräistouss aus villverspriechender Positioun... an de Kris D’Exelle trëfft de Potto.

No engem Beggener Ballverloscht an der eegener Halschent huet den Daniel Sachsen (108’) déi lescht Golchance vum Mätch... mee e kann de Steve Peiffer net bezwéngen an de Mätch geet mat 0-0 an d’Elefmeterschéissen.

Hei sollt den FC Käerch-Simmer déi néideg Réussite op sénger Säit hunn... an den Avenir zitt mat 5-4 de Kierzeren.

Fir den Avenir Beggen ass domatt d’Coupe de Luxembourg 2016/2017 eriwwer. Gratulatioun un den FC Käerch-Simmer fir dëss Victoire!

 

[ LH ]

 

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2