Donnerstag, 15 September 2016 16:31

Den nächste Géigner: FC KÄERCH-SIMMER

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

 

Als Jeunesse Giewel gouf de Veräin am Joer 1932 gegrënnt a gouf a senger Veräinsgeschicht e puer Mol ëmbenannt. Säit 2011 heescht de Käercher Fussball offiziell FC Käerch – Simmer.

Déi lescht 4 Saisonen ass den FC Käerch-Simmer tëscht der 2. an der 3.Divisioun hin- an hiergependelt: 2013 opgestigen, 2014 goung et erëm erof, 2015 erëm erop an d’2.Divisioun. Den 2.Juni 2016 huet Käerch sech awer missen am Barragematch zu Mamer géint Éilereng missen am Eelefmeterschéisse geschloe ginn an spillt domatt an der Saison 2016/2017 erëm an der 3.Divisioun.

An der Coupe de Luxembourg si Käerch a Beggen bis elo réischt eng Kéier openeen getraff: an der Saison 1982/1983 konnt den Avenir sech am 4.Tour mat 0-2 zu Käerch duerchsetzen. Dëst war den éischte Match fir den Avenir an der Coupe an där Saison – déi Beggen iwwregens spéider sollt gewannen.

Am 2.Bezierk vun der 3.Divisioun huet den FC Käerch-Simmer bis elo dës Saison ee Match gespillt a konnt sech um 1.Spilldag mat 3-4 auswäerts zu Duelem duerchsetzen.

 

[ LH ]

 

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2