Dienstag, 13 September 2016 10:57

Avenir Beggen - Swift Hesper 1-2

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

Um 4.Spilldag vun der Eirepromotioun huet Beggen doheem géint de Swift Hesper gespillt. Och wann den Avenir Beggen mat 1-2 verluer huet hunn d’Wichtelcher eng wesentlech besser Leeschtung wéi an de leschte Wochen kënnen ofruffen.

Schon no 8 Minutten huet Beggen missen auswiesselen: den Alvaro Pires goung verletzt vum Terrain an ass duerch de Luca Centrone ersat ginn. An der éischer halwer Stonn hu béid Ekippe ganz virsiichteg agéiert, an deemno koum et just zu wéinege Golchancen. E Schoss vum Mauger (19’) huet de Sacha Mersch net viru gréisser Problemer gestallt, e weideren vum Albanese (29’) goung laanscht de Beggener Gol.

An der 31.Minutt geet de Swift a Féierung: nodeems d’Beggener Ofwier eng Pass vu riets net ka verhënneren ass et den Jordan Swistek, deen am Strofraum fräi zum Schoss kënnt an den 0-1 markéiert. Déi beschte Beggener Chance an der éischter Halschent gouf et kuerz virun der Paus duerch de Kelvin Fortes, mee de Yannick Suzanne am Hesper Gol kann dëse Schoss, no schéiner Pass an d’Déift vum Christophe Da Silva, paréieren.

Ugangs der zweeter Halschent huet Beggen Chance, dass Hesper eng Iwwerzuelsituatioun no Beggener Verloscht net propper op en Enn gespillt huet. Am direkte Géigenzuch vun de Beggener taucht de Kris D’Exelle fräi virum Gol op, gëtt awer wéinst Abseits zréckgepaff.

An der 66.Minutt huet de Mirko Albanese no enger Une-Deux eng Chance de Score ze erhéigen, mee säi Ball geet laanscht. Am direkte Géigenzuch mëcht Beggen et besser: de Kelvin Fortes markéiert den 1-1!

An der 71.Minutt muss de Youssouf Soumaré den Terrain mat enger giel-rouder Kaart verloossen.

Duerno ginn et Golchancen op béide Säiten: de Fortes (72’) schéisst no enger schéiner Pass vum Morocutti knapp laanscht, op där anerer Säit kann de Sacha Mersch direkt zweemol Schëss aus kuerzer Distanz ofwieren. An der 76.Minutt sollt den drëtten a leschte Gol vum Mätch falen: no enger verongléckter Réckpass vu Beggen ass et de Mirko Albanese, deen sech dëss Geleenheet net huele léisst an Hesper mat 1-2 a Féierung bréngt.

Den Avenir huet net opginn, mee en zweete Gol sollt de Wichtelcher net geléngen... soudass dëss Partie mat 1-2 op en Enn gaang ass.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2