Donnerstag, 08 September 2016 11:17

Eisen nächste Géigner: de Swift Hesper

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

1916 gouf de Swift Hesper gegrënnt. Am Joer 1985 sollt Hesper eng éischte Kéier an d’Nationaldivisioun opsteigen, wou de Veräin sech bis 1992 hale konnt. Eng weider Saison op héchstem Niveau huet de Swift 1994/1995 gespillt. Nom nächsten Opstieg an d’Nationaldivisioun 2001 konnten déi Hesper sech bis 2012 onënnerbrach an der héchster Lëtzebuerger Spillklass halen. 2013 ass Hesper nach eemol an d’Nationaldivisioun opgestigen, ass awer direkt an der éischter Saison rem erausgefall. Zënterhier spillt Hesper an der Éirepromotioun.

 

De gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht war d’Victoire an der Coupe de Luxembourg 1990. Deemools konnt de Swift sech iwwregens an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg mat 4-2 géint den Avenir duerchsetzen. An der Coupe d’Europe huet Hesper doropshi géint Legia Warschau gespillt.

 

D’lescht Saison konnt Beggen sech an der Hironn den 29.November 2015 mat 3-4 um Holleschbierg duerchsetzen. De Réckmatch hunn d’Wiichtelcher den 13.Mee 2016 mat 0-1 verluer.

 

Dës Saison ass Hesper nach ongeschloen a steet mat 7 Punkten aus 3 Matcher aktuell op der 4.Plaz an der Tabell.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2