Montag, 05 September 2016 16:07

US Hueschtert - Avenir Beggen 7-0

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

Fänke mer mat de gudden Nouvellen un: de Luca Centrone, deen laang Joren an der Beggener Jugend gespillt huet, stoung dëse Sonndeg zu Hueschtert fir d’éischte Kéier an der Startformatioun vun de Wichtelcher.

 

Dat war et da leider awer och schon aus Beggener Siicht mat gudden Nouvellen vum Mätch vun Hueschtert: mat 7-0 ass den Avenir am Gréngewald ënnert d’Rieder komm. Schon an der Ufangsphas hat Hueschtert méi Spillundeeler a goung no engem kuerz ausgeféierte Corner duerch e Käpper vum Thomas Fullenwarth no 10 Minutten mat 1-0 a Féierung.

 

No engem Fräistouss, dee rem kuerz ausgeféiert gouf, erhéigt den Juncai Wang an der 21.Minutt op 2-0. Zwou Minutte méi spéit kann de Sacha Mersch e Schoss vum Lévy Rougeaux ofwieren... den Noschoss vum Denis Stumpf geet awer eran an et steet 3-0. Hueschtert hat nach divers Golchancen an der éischter Halschent, dorënner e Fallrückzieher dee widdert d’Lat goung an eng Rei Golschëss, déi de Sacha Mersch mat gudde Reaktioune konnt entschäerfen.

 

Beggener Golchance goufen et, ofgesinn vun engem Distanzschoss vum Centrone (24’) eigentlech just duerch de Christophe da Silva no Standardsituatiounen: e Fräistouss vum „Miao“ geet an der 17.Minutt laanscht de Gol. Och no engem Fräistouss vum Aquaro (31’) an engem Corner (42’) kënnt den da Silva zu Kappballchancen, e Gol sollt dem Avenir an der éischter Halschent awer net geléngen.

 

Mat 3-0 geet et deemno an d’Paus. Ugangs zweet Halschent hëllt Hueschtert den Tempo aus dem Spill an den Avenir schéngt besser an de Mätch ze kommen. An der 53. an an der 59.Minutt schéisst de Kris D’Exelle zweemol op den Hueschterter Gol, kann de Pleimling awer net bezwéngen.

 

No engem Dribbling op der lénker Säit markéiert den Achraf Drif an der 61.Minutt de 4-0. No dësem véierte Gol huet d’US Hueschtert rem méi fir de Mätch gemaach. Aus enger Iwwerzuelsituatioun eraus mëcht den Lévy Rougeaux an der 72.Minutt de 5-0.

 

Mat engem Distanzschoss an der 77.Minutt erhéigt den Achraf Drif op 6-0, ier den agewiesselten Anthony Guerra an der 88.Minutt no enger Pass vu lénks fir de 7-0 Endstand suergt.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2