Donnerstag, 01 September 2016 16:17

Eisen nächste Géigner: d'US Hueschtert

© www.paulmedia.lu © www.paulmedia.lu

1946 gouf d’Union Sportive Hueschtert gegrënnt. 2006 ass Hueschtert eng éischte Kéier an d'Éirepromotioun opgestigen.

 

Den 28.Mee 2011 feiert Hueschtert de bis dohi wuel gréissten Erfolleg aus der Veräinsgeschicht: am Stade Rue Henri Dunant zu Beggen setzt d’USH sech am Barragematch géint Wolz am Eelefmeterschéissen duerch a steigt an d'Nationaldivisioun. 2011/2012 ass Hueschtert do awer erëm erausgefall, konnt awer 2014 als Tabellenzweeten erëm an déi héchst Lëtzebuerger Spillklass opsteigen. Allerdéngs konnt Hueschtert och dës Kéier de Maintien an der Nationaldivisioun net realiséieren – an huet esou an der Saison 2015/2016 rëm missen an der Éirepromotioun untrieden, wou Hueschtert d’lescht Saison no enger éischter duerchwuessener Hironn an enger staarker Réckronn eng 4.Plaz konnt realiséieren.

 

Beggen huet béid Matcher géint d’US Hueschtert verluer: an der Dunant-Strooss gouf et um 1.Spilldag vun der Saison, den 23.August 2015, eng 2-4 Defaite fir d’Wiichtelcher. De Réckmatch zu Hueschtert huet Beggen um leschte Spilldag vun der Saison den 22.Mee 2016 mat 5-1 verluer.

 

Momentan steet Hueschtert mat 3 Punkten op der 6.Plaz an der Tabell: um 1.Spilldag konnt d’USH mat 4-1 doheem géint Biissen gewannen, um 2.Spilldag gouf et eng 1-0 Néierlag zu Sandweiler.

 

[ LH ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2