Montag, 29 August 2016 10:56

Avenir Beggen – Etzella Ettelbréck 0-5

38 Minutte laang huet Beggen ganz gutt dergéint gehalen. Zwar gouf et vun de Wiichtelcher offensiv net vill ze gesinn, hannen haten Angelsberg & Co. awer esou wäit alles am Grëff. Den Ofsteiger aus der BGL Ligue war zwar déi dominant Equipe, konnt awer laang kee Kapital erausschloen.

 

No engem schéine Spillzuch sollt dunn awer d'Féierung fir d'Gäscht duerch de Peters falen an domatt nët genuch: an der Nospillzäit vun der 1.Halschent krut d'Etzella en diskutabele Fräistouss lénks un der Strofraumgrenz gepaff, den Holtz hëllt sech en Häerz a verwandelt direkt: 2-0!

 

No der Paus huet Beggen net méi zréck an de Match fonnt. No 64' huet dun Novic d'Saach endgülteg kloer gemaach an an de Schlussminutte gouf den Avenir nach zweemol äiskal ausgekontert, jeeweils awer och aus abseitsverdächteger Positioun, a Kips esou wéi den agewiesselten Augusto hunn d'Resultater op 5-0 geschrauft.

 

[ PK ]

Partenaires

  fortuna2luna-logologo rollinger4ever2